REEGELE VUM CONCOURS

1.Wien kann matmaachen

Odyssee von der Äerd op Fotoen (Earth Visual Odyssey)
De Concours ass op fir all Fotografe weltwäit, onofhängeg vum Alter;

Geschichte vun de Steng (Stone’s stories)
De Concours ass weltwäit op fir all Awunner vun engem UNESCO Geopark, onofhängeg vum Alter;

Déi 5 Sënner vun Ärem Geopark (The 5 senses of your Geopark)
De Concours ass op fir all jonk Leit am Alter vun 12-18 Joer, déi an engem UNESCO Geopark wunnen. All Participant däerf maximal e Bäitrag areechen.
Wichteg: D‘Bewerbunge kënnen individuell oder als gemeinsam Aarbecht vun enger Klass oder Jugendveräin agereecht ginn. D'Klass oder de Veräin kann nëmmen eng Bewerbung ofginn; déi Persoun, déi d'Bewerbung ofgëtt, muss de pädagogesche Leader vun dëser gemeinsamer Aarbecht sinn.

Mataarbechter vun engem UNESCO Global Geopark, hir direkt Familljememberen a jiddereen, deen un der Organisatioun oder Evaluatioun vum Concours involvéiert ass, däerfen net un den dräi Concoursen deelhuelen.

2. Soumissiouns Richtlinnen

Odyssee von der Äerd op Fotoen (Earth Visual Odyssey)
All Fotoe mussen an engem UNESCO Global Geopark gemaach ginn a sollen d'Originalwierk vun de Participante sinn.
Keng drëtt Partei däerf d'Material dat d’Foto enthält, besëtzen oder kontrolléieren.
D'Foto däerf d'Markegesetz, d'Auteursrechter, d'moralesch Rechter, d'intellektuell Eegentumsrechter oder d'Recht op Privatsphär vun enger Organisatioun oder enger Persoun net verletzen.
D‘Biller sollen an héijer Opléisung am PDF, PNG oder JPEG Format agereecht ginn.
RAW Biller oder TIFF Biller ginn net ugeholl.
D'Dateigréisst däerf net méi wéi 5 Megapixel sinn.
D'Foto soll op d'mannst 1.600 Pixel breet sinn (fir en horizontaalt Bild) oder héich (fir e vertikaalt Bild).
D'Biller sollen och mam Numm vun der Plaz an dem Numm vum UNESCO Geopark markéiert an datéiert ginn.

Geschichte vun de Steng (Stone’s stories)
All Geschichten a Fotoe mussen d'Originalwierk vun de Participante sinn. Keng drëtt Partei däerf d'Materialvun der Geschicht oder der Foto besëtzen oder kontrolléieren. D'Geschicht an d'Fotoen däerfen d'Markegesetz, d'Auteursrechter, d'moralesch Rechter, d'intellektuell Eegentumsrechter oder d'Recht op Privatsphär vun enger Organisatioun oder enger Persoun net verletzen.
Bäiträg sollen am Textformat mat enger Längt vun op d'mannst 300 a maximal 450 Wierder agereecht ginn.
Déi genotzte Fotoe sollen an héijer Opléisung am PDF, PNG oder JPEG Format agereecht ginn. D'Dateigréisst däerf net méi wéi 10 Megapixel sinn. D'Foto soll op d'mannst 1.600 Pixel breet sinn (fir en horizontaalt Bild) oder héich (fir e vertikaalt Bild).
D‘Geschichten a Fotoe sollen och mam Numm vun der Plaz an dem Numm vum UNESCO Geopark markéiert an datéiert ginn.
Wichteg: D'Foto ass just eng Illustratioun vum Text. D'Auswiel baséiert op der Qualitéit vum Text.

Déi 5 Sënner von ärem Geopark (The 5 senses of your Geopark)
Alleguer d’Contributioune mussen d'Originalwierk vun de Participante sinn. De Beitrag soll als Word-Dokument a 5 Deeler agedeelt sinn (Geschmaach, Geroch, Vue, Gehéier a Beréierung). All Deel soll en Text vu 70 bis 150 Wierder enthalen, an deem erkläert gëtt, wéi eng Eegenaarte vu sengem Territoire de Participant mat dëse 5 Sënner a Verbindung sëtzt. (Zum Beispill: fir de Geroch: e spezielle Geroch vun naassem Gras nom Reen. Fir d‘Beréierung: e besonnesche lokale Stoff, e besonnesche Blat vun enger Planz, e besonnesche Fiels, asw.

Nieft dem Text kënnen d'Participanten eng Foto ofginn, déi d'Charakteristik vum Geopark am Zesummenhang mat de Sënner illustréiert. Fir de Beräich Gehéier kënnen d'Participanten eng kuerz Tounopnam vun engem Smartphone (mp3) schécken.

3. Sprooch
All Bewerbung soll an der jeeweileger Nationalsprooch geschriwwe ginn.

4. Foto änneren
D'Foto muss a sengem ursprénglechen Zoustand sinn an däerf net op iergendeng Manéier geännert ginn, inklusiv awer net limitéiert op, ewechhuelen, bäifügen, ëmdréinen oder verzerre vu Motiven am Bild. Ausname sinn déi üblech Optimisatiounsparameteren (Stëbs ewechhuelen, schneiden, raisonnabel Upassunge vun der Beliichtung, Faarf a Kontrast, etc). Jiddereen deen dëst verletzt, gëtt vum Concours ausgeschloss, kritt kee Präis a dierf net méi un zukünfteg GGN Concoursen deelhuelen.

5. Soumissioun a Prozedur
Nëmmen Beiträg déi iwwer den offizielle Wee agereecht ginn, ginn acceptéiert. D‘Beiträg, déi dëst Soumissiounsprozedur net respektéiere, gi geläscht.

Prozedur: D'Beiträg ginn agereecht duerch d’Ausfëlle vun der Umeldungssäit a ginn direkt un d'UGGp geschéckt, mat där Dir verbonne sidd. All UGGp wielt 3 lokal Gewënner am Aklang mam Zäitplang vum GGN. Wann et just 1 Geopark an engem Land gëtt, da ginn d’Beiträg vun den 3 Gewënner direkt un d‘GGN mam begleedenden Text op Englesch iwwersat. Wann et méi Geoparken an engem Land ginn, schécken all déi lokal Geoparkens d'Beiträg vun hiren 3 Gewënner un d'National Geopark Organisatioun. Ënnert den 3 Gewënner vun all lokalen UGGP wäert d'National Geopark Organisatioun 3 Gewënner op nationalem Niveau auswielen,déi e GGN Präis kréien.

6. Evaluatioun
D'Baiträg ginn vun enger Jury vun Experten evaluéiert an bewäert, déi vum Global Geopark Netzwierk ernannt gëtt. All Décisioune sinn definitiv.

7. Disqualifikatioun
De Global Geopark Netzwierk behält sech d'Recht, all Bäitrag, deen als onpassend ugesi gëtt oder déi spezifizéierte Concoursregelen respektéiert, ze disqualifizéieren.

8. Präisser
D'Präisser ginn zu engem spéideren Zäitpunkt ugekënnegt. All d‘Präisser sinn net iwwerdrobar an et gi keng Boergeld Alternativen.

9. Notzung vu Geschichten a Fotoen
Duerch d’Participatioun um Concours, sinn d’Participanten domat averstan datt déi proposéiert Geschichten a Fotoe vum Global Geopark Netzwierk fir Werbungszwecker benotzt kënne ginn, an d'GGN Datebank integréiert ginn a fir Promotiounszwecker an all Medien ouni zousätzlech Kompensatioun benotzt kënne ginn. D‘GGN kann d'Biller an den Text, deen d'Biller begleet, fir limitéiert a raisonnabel Zwecker weider benotzen, soulaang d'Verwendung d'Rechter vum Besëtzer net verletzt ginn oder den Auteur drunn hënnert, aus sengem Wierk dat ze machen wat hie wëll. Ënnert den uewe genannte Konditiounen ass d'Wiederverwendung vu Biller an Texter verbonne mat de Biller fir Erzéiungs-, Reklamm- a Werbungszwecker vum GGN, fir Berichterstattungen, Léier oder Fuerschung a fir de Benefice vun der Ëffentlechkeet net eng Verletzung vum Copyright a gëtt vun de Besëtzer erlaabt. Dat selwecht gëllt fir sozial Medien.

10. Dauer vum Concours
De Concours fänkt den 1. Abrëll 2024 un an all Applikatioune musse bis den 31. Dezember 2024 agereecht ginn. D'Gewënner ginn am Mäerz 2025 annoncéiert.

11. Juristesch Bestëmmungen
All national a lokal Gesetzer a Reglementer gëllen. De Concours gëllt als ongëlteg do wou et verbueden ass. Andeems Dir um Concours deelhuelt, sidd Dir mat dëse Reegelen averstanen an Dir erkläert Iech bereet d'Entscheedunge vun der Jury an dem Global Geopark Netzwierk ze respektéieren, déi am Bezuch zu dësem Concours verbindlech an endgülteg sinn.